Xynthia: Weiderhin eng ganz Partie Stroosse gespaart
RTL - 01.03.2010, 07:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.03.2010, 15:15 | 41 Commentaire(n)
Xynthia: D'Protection Civile hat um Sonndeg eng 3.000 Appeler. Um Dënschdeg sinn ëmmer nach Stroosse gespaart. An Europa koumen iwwer 50 Leit ëm d'Liewen.

5 liicht Blesséierter zu Wolz, zu Käl an tëschent der Kräizerbuch a Schweech. Dat ass dee leschte Bilan um Dag, nodeems de Stuerm Xynthia am Grand-Duché ukomm war.
Bei der Police an an der Zentral vum 112 huet den Telefon um Sonndeg méi wéi 3.000 Mol gerabbelt.
D'Hëllefsdéngschter sinn 760 Mol erausgefuer, an der Haaptsaach wéinst Beem, déi ëmgefall waren, an Hausdiecher, vun deenen Zillen erof geflu sinn.
D'Stater Beruffspompjeeën hate 95 Asätz wéinst dem Stuerm. Si goufen ënnerstëtzt vu fräiwëllege Kollegen.
D'Pompjeeë vun Esch-Uelzecht waren vun e Sonndeg de Moien 11 Auer bis owes 19 Auer permanent am Asaz. 39 mol hu se missen erausfueren. Um Meindegmoien haten d'Escher Pompjeeën nach eng Kéier 7 Asätz wéinst dem Stuerm: Dachleeën a Blecher, déi lass waren, vun den Diech huelen.
D'Rettungsdéngschter hunn awer och 15 Leit aus dem Bësch missten eraushuelen, well dës Leit trotz de Warnunge vun der Police gemengt haten, si missten en Ausfluch dohinner maachen.
Assurancen nom Stuerm
No dem schlëmme Stuerm lafen um Méindeg d'Leitunge bei den Assurancen natiirlech op Héichtouren, ewéi den Claude Schwarz vum Foyer eis confirméiert.
|
Déi allermeescht Leit hei zu Lëtzebuerg hunn iwwregens déi néideg Assurancë fir d'Schiet vu Stierm rembourséiert ze kréien, sou d'Assurancen.
D'Stuermversécherung kënnt fir den Dégât um Haus an Terrain op, an d'Casco kënnt bei engem eventuelle Schued um Auto op.
D'Haftpflicht spillt bei Schiet u Saache vun Drëtten.
| VIDEO: Wee bezilt de Schued? |
Problemer am Trafic um Sonndeg ... a Méindeg... an Dënschdeg
Xynthia huet kräfteg iwwert d'Land ewechgeblosen. Zu Beetebuerg goufen am Nomëtte Spëtze vu méi wéi 120 Kilometer an der Stonn gemooss.
Géint 18 Auer um Sonndegowend hat d'Situatioun sech nees berouegt.
Xynthia huet och fir masseg Problemer am Trafic gesuergt, op de Schinnen, an der Aviatioun an natierlech op de Stroossen.
- E Sonndeg sinn d'Volen an Directioun Paräis, Zürich a Las Palmas ofgesot ginn, grad ewéi déi selwescht Volen an déi aner Richtung also zréck op Lëtzebuerg.
- Zu Lëtzebuerg selwer war d'Bunn zwar verschount bliwwen, anescht am noen Ausland. Den Zuchverkéier hanner Tréier, also zum Beispill op Koblenz, war komplett zesummegebrach; aus deem Grond ass d'CFL och eng Zäit laang net op Tréier gefuer. Déi nämmlecht Problemer gouf et an der Belsch. Do ass d'CFL e Sonndeg de Mëtten nëmmen nach just bis op Arel gefuer. Keen Zuch ass also op Bréissel gefuer.
Stroosse gespaart
En Deel vun deene Strécken, déi am Laf vum Sonndeg gespaart goufen, waren och nach um Méindegmoien zou. Hei d'Situatioun vum Dënschdegmoien 07.30 Auer:
Recken - Huelmes,
Blaschent – Plankenhaff,
Mamer – Koplescht (zou bis Donneschdeg, 17 Auer),
Kleng-Elcherot – Kolpech – Holtz (bleift nach 3 Deg zou)
Rued – Nidderkolpech (nach 3 Deg zou)
Holtz – Pärel,
Grondhaff – Blummendall.
D'Streck tëscht Koplescht a Schëndels ass zanter en Dënschdegmëtteg 15 Auer nees op.VIDEO: Éischt Biller vum Stuerm!
De Bléck an d'Ausland
Wann een d'Situatioun mam Ausland vergläicht, hat Lëtzebuerg awer nach Chance. An anere Länner huet d'Xynthia ville Leit d'Liewe kascht.
Elleng bei eise franséischen Nopere si 45 Mënsche gestuerwen, déi meescht vun hinne si laanscht den Atlantik erdronk. Alleng an der Vendée sinn 30 Mënschen ëm d'Liewe komm. Déi meescht sinn erdronk, well eng Digue futti gefuer wor. Eng Partie Dierfer an Uertschafte goufen iwwerschwemmt, Honnerte Leit goufen evakuéiert.
A Fränkräich huet d'Xynthia déi schlëmmste Wiederen zanter 10 Joer matsechbruecht. 1 Millioun Mënschen am Hexagon hate kee Stroum. De Premier Francois Fillon huet vun enger nationaler Katastrof geschwat. De franséische President Nicolas Sarkozy reest um Méindeg an d'Vendée, fir sech e Bild vun der Katastrof ze man. Frankräich huet finanziell Hëllef bei der EU ugefrot.
An Däitschland goufen op d'mannst 5 Persoune vu Beem erschloen.
An der Belsch gouf et een Doudesaffer, e Mann war a sengem Gaart vun engem Bam erschloe ginn.
A Spuenien huet de Stuerm am stäerkste geblosen. Do goufe Vitesse vun 228 Kilometer an der Stonn gemooss. Do sinn op d'mannst 3 Leit ëm d'Liewe komm an een Doudesaffer gouf et och a Portugal.
Uechter Europa sinn engem leschte Bilan no 58 Mënschen Affer vum Stuerm Xynthia ginn. Domatter war dësen Orkan méi schlëmm wéi de Kyrill, dee virun 3 Joer an Europa geblosen hat. Deemools ware 47 an ganz Europa ëm d'Liewe komm.
Wand-Vitessen
Hei déi maximal Wandvitessen, déi zu Lëtzebuerg um Sonndeg bis 16 Auer gemooss goufen. All d'Spëtzte lougen tëscht 12 a 14 Auer:
Beetebuerg-Obëler 128 km/h
Stengefort 102 km/h
Findel 100 km/h
Bartreng 100 km/h
Eschduerf 96 km/h
Elwen 96 km/h
Aner interessant Wandspëtzten aus der Groussregioun: Tréier 126 km/h an de Flughafen Metz-Nancy-Lorraine 135 km/h.
| VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg vum 28.02.10 - Michel Thiel |
| VIDEO: D'Situatioun an Europa |
E puer meteorologesch Erklärungen zum Orkan Xynthia vum Yann Logelin
Entstanen ass de Stuerm Xynthia am Atlantik viru der portugisescher Côte wou kal Polarloft mat subtropesche Loftmassen zesummegestouss ass. Vun do aus de Stuerm, ënner Verstäerkung a Richtung Nordoste gezunn. Laanscht Spuenien an duerch de Golfe de Gascogne an d'Manche a vun do aus weider a Richtung Dänemark, wou e fir Hallefnuecht erwaart ginn.
Esou Orkaner hunn hiert Stuermfeld ëmmer südlech vum Déifdrockkär, esou datt Lëtzebuerg voll vum Xynthia gesträift ginn ass. Déi stäerkste Wandstéiss sinn hei am Land gemooss ginn, wou den Zentrum vum Stuerm laanscht déi belsch an hollännesch Küst gezunn ass.
Op eiser besonnesch exposéierter RTL-Wiederstatioun op der Obeler-Knupp ass dobäi eng maximal Wandvitesse vun 128 km/h ëm 12.30 Auer um Sonndeg de Mëtteg gemooss ginn an dat ass Orkanstäerk. Och soss uechtert d'Land waren am fréien Nomëtteg Wandstéiss mat iwwer 100 km/h ënnerwee.
Dee leschte Wandstouss mat iwwer 100 à l'heure ass dunn awer ëm 15.20 Auer zu Beetebuerg gemooss ginn. Nach ass et staarke Stuerm, dee mir dobaussen hunn, mä seng Kraaft huet schonn nogelooss.
A senger Intensitéit ass den Orkan Xynthia mat de schwéiere Wanterstierm vun enn Januar bis Enn Februar 1990 vergläichbar. Déi gutt Nouvelle ass awer déi, datt mir dat schwéierst iwwerstanen hunn, och wa bis an d'Nuecht nach Wandstéiss iwwer 70 km/h méiglech bleiwen, an datt an den nächsten Deeg och keen neie Stuerm en Vue ass.
An an der Nuecht vum 28.02. op den 01.03. ass et genee 20 Joer hir, datt dee schlëmmste vun de Stierm aus deem Wanter, d'WIEBKE, iwwer Lëtzebuerg gezunn ass.
E Samschdeg den Owend am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg ass de Yann Logelin am Top Thema op d'Serie vu schwéiere Stierm an Orkaner aus dem Wanter 1990 zréckkomm, wou bannent 5 Wochen net manner ewéi 5 Stierm mat Wandvitesse bis 145 km/h iwwert d'Land gezu woren.
De Bilan deemols war héich! 1 Doudesaffer, ronn zwou Dosen, deels uerg, verwonnte Persounen an eng Abberzuel un Autoen, déi ënnert Beem begruewe goufen, déi ewéi Fixspéin ëmgeknéckt sinn. E Véierles vum Bambësch war deemols vun Wand ofgeholzt ginn. Ronn 300 Diech goufen deemols ofgedeckt, Héichspannungsmaste gediebelt an Antennen geknéckt an 3 Mol hate mir Héichwaasser kritt. Et ass bis haut déi schlëmmste Stuermsérie, déi Lëtzebuerg erlieft huet.
| VIDEO: Top Thema vum Yann Logelin - 20 Joer "Wiebke" |


Äre Commentaire