Donneschdeg, 02. September 2010

National News

Avortement: Petitioun, fir méi wäit wéi Gesetzprojet ze goen

RTL - 04.03.2010, 18:19 - Fir d'lescht aktualiséiert: 04.03.2010, 19:05

Petitioun 'Si je veux' fir d'Selbstbestëmmung vun der Fra: 112 Leit aus der Zivilgesellschaft wëllen, datt d'Reform vum Avortementsgesetz méi wäit geet.

Fir oder géint Ofdreiwung? Wat soll erlaabt, wat verbuede sinn oder ginn? Genee wéi an Amerika, Spuenien a villen anere Länner gëtt doriwwer den Ament och zu Lëtzebuerg diskutéiert.

© AFP (Archiv)

Ënnert dem Titel "fir d'Selbstbestëmmung vun de Fraen - si je veux" ass elo eng Petitioun lancéiert ginn, déi verlaangt, datt d'Reform vum Avortement méi wäit geet, wéi den aktuelle Gesetzprojet vun CSV a vun LSAP dat virgesäit.

Am éischten Opruff, dee vun 112 Leit aus dem ëffentleche Liewen, ënnerschriwwe ginn ass, gëtt d'Entkriminaliséierung vum gewollte Schwangerschaftsofbroch verlaangt. An d'Recht vun der Fra op Selbstbestëmmung.

Initiéiert ginn ass d'Petitioun vum Kollektiv "Si je veux – Fir d'Selbstbestëmmung vun der Fra". Ënnerschreiwe kann een op sokrates.lu.

D'Petitioun an dräi Deeler agedeelt

Den éischten ass de kierzten: Do fuerderen déi Fraen a Männer, déi ënnerschriwwen hunn, ganz einfach, datt den Avortement net méi kriminaliséiert dierft sinn an d'Frae missten d'Recht iwwer sech selwer kréien.

Op engem zweete Punkt deklaréiere si konsequenterweis, se wiere géint dat geplangten neit Gesetz, well de Fraen doranner nach ëmmer penal Suitë fir den Avortement ugedreet ginn a well weider eng Indikatioun, also e psycheschen, physeschen oder soziale Problem, misst gi sinn, fir datt d'Fraen iwwerhaapt d'Recht op en Avortement hätten.

Och d'Klausel, datt eng Fra dräi Méint am Land wunne muss, fir kënnen ze avortéieren, déi Klausel misst aus dem Gesetz verschwannen.

Gefuerdert gëtt dann an engem drëtte Schrëtt, datt jidder Fra, déi dat wëll, bannent enger bestëmmter Zäit misst kënnen avortéieren – dat ass déi faméis Fristeléisung.

Gefuerdert gëtt och eng uerdentlech medizinesch a psychologesch Berodung an zwar virum Avortement an och duerno. An d'Käschte fir en Avortement soll d' Gesondheetskeess iwwerhuelen.



Är Commentairen

Gidd w.e.g. Ären Numm an Är E-Mail-Adress un. Merci! D'E-Mail-Adress froe mir, fir Iech eng Confirmatioun ze schécken, wann Äre Commentaire online ass.
Duerch d'Fortschécke vun Ärem Commentaire acceptéiert Dir eis
Conditions d'utilisations fir d'Moderatioun vun eise Commentairen a Lieserbréiwer.

MODERÉIERT W.E.G. ÄREN TOUN: KENG FRECHHEETEN.
KENG ONGEPRÉIFTE "FAKTEN". KENG FALSCH IDENTITÉITEN. MERCI!
Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
2. Sep 18:19  BNP Real Estate: Taux de Vacance bei Bürosgebaier héich
2. Sep 16:16  Lokales: Auto a Gruef tëscht Garnech a Wandhaff, Mann voll
2. Sep 16:03  Vermësst zënter 25. August: Belo Simoes Abreu Luis Cesario
2. Sep 15:10  Tunnel Houwald: Aarbechte lafe wéi geplangt, sou P&Ch
2. Sep 12:19  SES-Astra: 3D-Tëlee mat manner techneschem Opwand
2. Sep 11:42  Integration durch Austausch: IdA Programm och zu Lëtzebuerg
2. Sep 11:29  Lokales: Déidlechen Accident en Donneschdeg op A1
2. Sep 11:25  Lokales: Automobilistin mat 151 amplaz 70 km/h ënnerwee
2. Sep 10:20  Iechternach/Manertchen: Auto mat Päerd zesummegestouss
2. Sep 08:01  Staatsbudget: Optakt vun de Beichtstullgespréicher
1. Sep 18:00  Lokales: Fra erstach bei Familljesträit zu Esch e Mëttwoch
2. Sep 07:58  Lokales: 3 Blesséierter bei Accident zu Bierchem/Béiweng
2. Sep 07:42  Lokales: D'Stater Pompjeeë waren direkt 3 mol am Asaz
1. Sep 16:28  Bilan Karschnatz: 20% Abousse am Verglach mat 2009
2. Sep 07:30  Wäiswampesch: Drénkwaasser gespaart den 2. September
31. Aug 18:54  Streck Briddel-Stroossen: Wéint Chantier 3 Deeg zou vum 2/9
1. Sep 17:54  Lokales: 4 Liicht Blesséierter bei Accident op A13
2. Sep 07:30  DGB: Däitsch Kritik u Lëtzebuerger Kannergeld-Mesure
1. Sep 13:46  Lokales: Zu Esch huet eng Spillplaz gebrannt
1. Sep 13:42  ADR: Neien Agrarzenter Jo, mä net egalwou an egalwéi!
1. Sep 13:42  Aarbechtsaccident zu Klierf: Fangerkëppchen ofgetrennt
1. Sep 13:41  D'Inflatioun ass am August op 2,2% zréckgaang
1. Sep 13:40  Lokales: Zu Iechternach ass an eng Gäertnerei agebrach ginn
1. Sep 13:16  De Robert Biever ass elo offiziel Procureur Général
1. Sep 12:00  Meteo: Den August war en extrem naasse Mount
1. Sep 12:00  Reform bei der Douane: Gewerkschaft nëmmen zum Deel averstan
1. Sep 13:20  driving.lu an habiter.lu elo och um Site vun RTL
1. Sep 11:13  Zeienopruff: Porsche geklaut zu Péiteng e Mëttwochmoien
1. Sep 09:06  D'ASTI warnt viru falsche Sue-Sammler déi ënnerwee sinn
1. Sep 08:20  Nei eenheetlech grenziwwerschreidend Tariffer op Buslinnen
31. Aug 22:58  Findel: Accident vun engem Privatfliger um Dënschdegowend
31. Aug 17:52  Accident tëscht Eiter a Bus: Schwanger Fra blesséiert
31. Aug 16:07  Ausweisung vu serbescher Famill offiziell confirméiert
31. Aug 15:00  Aarbechte vun der Sotel illegal, sou Greenpeace
31. Aug 13:21  Gratis Nohëllefscoursen vum CPOS fänken den 1. September un
31. Aug 12:58  Lokales: 2 Blesséierter bei 2 Accidenter um Dënschdegmoien
31. Aug 12:14  Iceland Express: Keng Vole méi vu Lëtzebuerg op New York
31. Aug 11:30  Virun 68 Joer: D'Lëtzebuerger soten de Nazien "Nee"
31. Aug 07:20  Bréissel: De Jean-Claude Juncker war beim Herman Van Rompuy
31. Aug 01:12  Lokales: Schwéieren Accident um Blvd. JFK um Kierchbierg
30. Aug 07:27  Stater Geschäftsverband: Gutt Braderie, net super wéi 2009
10. Aug 17:05  Pakistan brauch Hëllef: Spendenopriff zu Lëtzebuerg

Ëmfro »

Hutt Dir är Batterien iwwer d'Summervakanz konnten oplueden, fir d'Rentrée elo mat Energie kënnen z'attackéieren?
Op alle Fall!
Nee, ech brauch nach méi Vakanz!
Ech hat guer keng Vakanz...
Ech hu keng Meenung dozou.

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.

Hifi International