D'Educatiounsministesch presentéiert Reform vum Secondaire

RTL - 08.03.2010, 12:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2010, 13:33 | 41 Commentaire(n)

Bis dat anert oder dat iwwernächste Joer wäert et nach daueren, bis den ieweschte Cycle vun de klasseschen a vun den technesche Lycéeë reforméiert gëtt.

Mady Delvaux-Stehres
D'Educatiounsministesch huet den Orientatiounspabeier fir d'Reform vun den ieweschte Klasse vun de klasseche Lycéeën a vum Technique presentéiert.

Déi Proposë sinn elo an d'Schoulen an un d'Proffe gaang, fir eng Debatt ze lancéieren.

D'Ännerungsvirschléi sollen d'Schüler besser op hiert Beruffsliewen, ma natierlech och op d'Universitéitsstudie preparéieren.

An de 6 groussen Themefelder spillt d'Sprooch eng grouss Roll. Am Classique z.B. ass d'Englesch op Première als Fach obligatoresch, fir de Rescht bleift de Choix tëscht Franséisch oder Däitsch.

 D'Ressortministesch Mady Delvaux-Stehres iwwert d'Méiglechkeeten am 'Technique' »



Et soll deemno méi Wäert op d'Englesch geluecht ginn, wat ëmmer méi wichteg gëtt. Am Beruff an op der UNI.

Wat de Premières- oder den 13es-Exame betrëfft, gesäit den Orientatiounspabeier fir, datt d'Schüler a 6 Fächer schrëftlech getest ginn... a vun deene 6 Méiglechkeete ginn der da nach eemol zwou och mëndlech gepréift.

D'Fächer mussen aus dräi Andeelunge kommen: Sproochen; Spezialisatioun a formation générale.

Fir d'Schüler besser op de Premières oder 13es Examen ze preparéieren, ass dann och am zweetleschte Joer eng Zort Preparatioun op esou eng grouss Aarbecht/Examen virgesin: en 'travail d'envergure', dee muss gemaach gi, fir an dat lescht Joer ze kommen.

 AUDIO: D'Mady Delvaux-Stehres (2) »



Anere Punkt: et soll eng besser 'culture générale' vermëttelt ginn. De Schüler soll och bewäert gi, wéi et mat sengem Virwëtz, sengem Interessi, sengem kritesche Geescht, sengen allgemengen, perséinlechen a soziale Kompetenze steet. An déi sollen an engem Dossier zesumme gefaasst ginn.

 AUDIO: D'Mady Delvaux-Stehres (3) »



Verbessere wëll een am Ministère och d'Spezialisatioun (ouni d'Allgemengwëssen ze vernoléissegen).

Duerfir dës Neierung am Technique op 12e an op 13e, an der Branche 'sciences appliquées' kënnt eng nei Filière bäi, nieft där vum Ingenieur an där vum Informatiker.

 AUDIO: D'Mady Delvaux-Stehres (4) »



Wat d'Akzeptanz um Terrain betrëfft, respektiv d'Gewiichtung vun de Fächer, do ass sech d'Mady Delvaux-Stehres wuel bewosst, datt et kann zu Reiwereien tëscht de Proffe kommen.
 AUDIO: D'Mady Delvaux-Stehres (5) »



Dat Ganzt ass wéi gesot, eng Propose.

Bis d'Summervakanz sollen dann och d'Virschléi fir d'Kompetenzsockele prett sinn.

 AUDIO: De Roger Roth, President vun der FEDUSE, am Interview mam Pierre Reyland. »



 AUDIO: Reaktioun vum Daniel Reding, President vun der APESS. »



VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg (08/03/2010)






VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg (09/03/2010)






Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!