Stadion Léiweng: Stater Kritik kënnt net gutt u bei Minister
RTL - 10.03.2010, 10:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2010, 19:00 | 61 Commentaire(n)
Stadion Léiweng: De Projet ass vum Regierungsrot ugeholl ginn an en ass scho lang bekannt, sou de Wirtschafts- a viregte Sportminister Jeannot Krecké.

Schwéier Virwërf vum Stater Buergermeeschter a vum éischte Schäffe François Bausch vis-à-vis vum Projet Léiweng bei Beetebuerg, wou soll dee neien nationale Footballstadion gebaut ginn... plus e 'Centre commmercial' vu 75.000 Meter-Carré mat Hobbymaart an 'Outlet'.
Di zwee Haaptdecideuren aus der Stad fäerten, datt dat géint de Commerce am Süden an och am Zentrum vum Land geet. 'Radio Lëtzebuerg' ass och gewuer ginn, datt eventuell nach e Supermarché soll bei déi 75.000 Meter-Carré dobäi kommen.
An da freet sech de François Bausch, a wéiwäit de Staat iwwerhaapt di finanziell Moyenen huet fir (an dësen Zäiten) och nach Stroosseninfrastrukture ronderëm z'amenagéieren. Do géif et nämlech eng deementspriechend Etude vum Ingenieursbüro Schroeder&Associés.
An der Stad sinn se esouguer dovunner iwwerzeegt, datt et zu Léiweng fir d'éischt ëm de Commerce geet an duerno eréischt ëm de Futtballstadion. An och ëm d'Valoriséierung vu privaten Terrainen. De Promoteur vum Projet ass de Flavio Becca.

Reaktioune vun der Regierung
Dernieft géing sech de Promoteur un alleguerten d'Oploen halen, de Foottballstadion wier fir Näischt an haut wier et neméi evident fir esou Investissementer zu Lëtzebuerg ze halen.
AUDIO: Reaktioun Jeannot Krecké »
De Claude Wiseler dann, de Minister vun der Nohalteger Entwécklung, fënnt et normal, datt den Accès vun an op d'Autobunn muss bei esou engem Projet ugepasst ginn.
An iwwer d'Noutwennegkeet vun der drëtter Pist tëscht der 'Aire de Berchem' an der Stad géing ees scho laang geschwat.
AUDIO: Reaktioun Claude Wiseler »
Dem Jeannot Krecké no, geet et beim Léiwenger Projet iwwregens ëm en Invest vu 500 Milliounen Euro, ëm 100 bis 150 Milliounen TVA-Recetten d'Joer an ëm ronn 2.000 Aarbechtsplazen.

Äre Commentaire