Post: Mobil a Fix zesummen an enger Gesellschaft
RTL - 10.03.2010, 11:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2010, 12:23 | 9 Commentaire(n)
D'Post verlagert Luxgsm an hire Festnetz an eng nei privat Sociétéit. Eng 400 Leit wäerten zesummen an där neier Firma schaffen. Kee verléiert seng Plaz.

D'Post verlagert Luxgsm an hire Festnetz an eng nei privat Sociétéit. D'lescht Woch war d'Nouvelle schonn duerchgesickert. E Mëttwoch de Moien, war déi offiziell Pressekonferenz.
Enn vun dësem Joer wäert den Optrëtt vun der neier Gesellschaft stoen. Da wäert d'Facturatioun och iwwert déi nei „Société Anonyme“ lafen. Am Moment zumindest, bleift d'Kapital vun der neier privater Entreprise zu 100% an staatlechen Hänn. De Verwaltungsrot vun der Post spillt een ganz wichtegen Rôle an der neier Gesellschaft, sou den Wirtschaftsminister Jeannot Krecké.
AUDIO: De Wirtschaftsminister Jeannot Krécké erkläert firwat et zu der Fusioun kënnt. »
Schonns zënter Joren ass d'Post um Wee vun der Liberaliséierung. Déi heite Mesure ass ee weidere Schrëtt fir méi konkurrenzfäegkeet opzetrieden. Duerch déi nei Sociétéit, wäert d'Infrastruktur an den Service fir de Client verbessert ginn.
Eng 400 Leit wäerten zesummen an där neier Firma schaffen. Ongeféier d'Halschent dovu sinn Salariéë vu Luxgsm, de Rescht Fonctionnairë vun der Post. De Wiessel geschitt fräiwëlleg an et gett kee Personal ofgebaut.
Déi nei Firma regroupéiert dann d'Aktivitéiten Telefon, Internet an "Tële vun der Post".De Jean-Marie Heyder, President vum Postsyndikat mécht sech och keng Suergen, well an der neier Gesellschaft Beamten an Employés Privés zesummeschaffen.
D'Fonctionnairen déi an der neier Entreprise schaffen an ophalen oder an d'Pensioun ginn, wäerten awer net duerch Beamten, mä duerch Employés Privés ersat ginn.
Déi nei Societéit fir d'Mobil- an d'Fixtelephonie vun der Post wäert hiren Haaptsëtz op der Cloche d'Or an der rue Bian hunn.


Äre Commentaire