Statec: Präisdäirescht läit rëm op normalem Niveau

RTL - 10.03.2010, 12:52 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2010, 15:56

Statec: D'Präisdeirecht hei zu Lëtzebuerg huet de leschte Mount nees een normalen Niveau areecht. Am Februar loung den Inflatiounstaux bei 1,5%

No engem Réckgang vu 0,82% am Januar ass den Taux de leschte Mount ëm 1,19% an d'Lut gaang. Ouni d'Wantersolden dogéint gëtt eng liicht Progressioun vun nëmmen 0,10% notéiert. Weider hält de Statec fest, datt d'Pëtrolsproduite méi bëlleg gi sinn. Am Februar gouf et ee Réckgang vun 1,17% géintiwwer enger Hausse vun 3,5% am Januar.