SES an d'UNI Lëtzebuerg hu Partnervertrag ënnerschriwwen

RTL - 10.03.2010, 14:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2010, 15:16 | 3 Commentaire(n)

D'SES, Satellitebedreiwergesellschaft vu Betzder an d'UNI Lëtzebuerg gi Partner: Déi Responsabel vu béiden Entitéiten hunn een Accord ënnerschriwwen.

Deen Accord geet iwwer 6 Joer bis 2015. Déi finanziell Participatioun vun der SES, chiffréiert sech fir déi ganz Periode op 2,1 Milliounen Euro.

1,5 Milliounen € dovu ginn a boer Suen un d'UNI. 4/5 vun där Zomm fléissen an den Interdisziplinareschen Zenter am Beräich Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien. Den SNT, de „Security and Trust Center“, ass virun engem Joer gegrënnt ginn, et geet dobäi konkret ëm d'Fuerschung fir d'Informatiounstechnologie méi sécher, a fiabel ze maachen. 20% vun den 1,5 Millioune gi gebraucht fir eng Professur fir Droit vun de Medien, Telecommunicatiounen, a Weltraum, ze schafen.

Mat 600.000 €, finanzéiert d'SES iwwer déi nächst 6 Joer, Stage vu Studente vun der UNI Lëtzebuerg um Site zu Betzder, fir et hinnen z'erlabe praktesch u Projeten mat ze schaffen.

D'UNI esou gutt wéi och d'SES, gesi vill Potential an där Zesummenaarbecht.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!