Logwin: D'Speditiounsfirma schreift 2009 rout Zuelen

RTL - 10.03.2010, 15:37 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2010, 15:58

Déi Lëtzebuerger Speditiounsfirma Logwin vu Gréiwemaacher huet och 2009 rout Zuele geschriwwen. D'lescht Joer gouf et e Verloscht vun 83 Milliounen Euro.

Déi fréier Thiel Logistik huet sech domat liicht verbessert am Verglach mam Joer virdrun. 2008 louch war et nach eng Perte vun iwwer 100 Milliounen Euro.

D'Uersaach vun deene schlechten Zuele läit beim allgemenge Réckgank vun de Commanden an deem Secteur. Virun allem an der Automobilbranche wier et vill méi lues gaangen, heescht et am Communiqué.

Bei Logwin schaffe weltwäit 5.500 Leit, zu Lëtzebuerg huet d'Firma 90 Employéen.