Chamber: Orientéierungsdebatt iwwer Fraen-Diskriminatioun
RTL - 10.03.2010, 16:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2010, 17:12 | 8 Commentaire(n)
Zwee Deeg nom internationale Fraendag goung e Mëttwoch an der Chamber Rieds iwwert d’Diskriminatioun vu Fraen am politeschen an öffentleche Liewen.

De Jean-Paul Schaaf huet sech géint eng virgeschriwwen a fir eng fräiwëlleg Quote ausgeschwat. Dem CSV-Deputéierten no wär an de leschten 100 Joer vill fir Frae geschitt, awer net genuch.
Fir d’Lydie Polfer ass hei am Land eréischt an de 70er Jore méi fir Frae gemaach ginn an huet sech zanterhier um Niveau vun der Gemengepolitik vill gedoen.
An den Ae vum Viviane Loschetter vun déi Gréng gëtt zu Lëtzebuerg wéineg iwwer Quoten nogeduecht, den André Hoffmann vun déi Lénk huet festgehalen, dass een hei am Land vun enger richteger Gläichberechtegung nach wäit ewech wär, iwwerdeems Quote fir d’Lydie Err vun der LSAP just eng Iwwerganksléisung kënne sinn.


Äre Commentaire