Asblen: Gesetzprojet gëtt op de Leescht geholl, sou Biltgen
RTL - 10.03.2010, 17:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2010, 20:27 | 2 Commentaire(n)
De Projet de loi iwwer d'Asblen gëtt op de Leescht geholl a staark verännert. Dat sot e Mëttwoch am Nomëtten de Justizminister Francois Biltgen.

An Zukunft soll alles besser a manner – an eben net méi - reglementéiert sinn an den associations sans but lucratif.
An datt et erëm frësch ufänkt ass duebel néideg, éischtens wéint dem Gewulls an zweetens well e 90 Joer aalt Gesetz soll ofgeléist ginn duerch eent vun haut. Mä et ass een an engem ganz fréien Stadium vum neie Projet.E neit Gesetz soll d'Asblen an d'Fondatioune getrennt behandelen an et soll an Zukunft am Fong 3 Type vu Gesellschafte ginn: d'Asbl, d' Geschäftsgesellschaften an eppes dertëscht, Gesellschaften mat sozialem Zil.
An do mussen och dräi oder 4 concernéiert Ministèrë koordinéiert ginn, alles Aarbecht am Virfeld. Eent war dem Minsiter ganz wichteg. Vill Veräiner haten Angscht keng Buvette méi dierfen ze maachen. Falsch verstan, seet de Minister, an explizéiert, datt d' Buvette nëmmen eng Activité accessoire ass.


Äre Commentaire