Kollektivvertrag am Botzsecteur fir 3 Joer ënnerschriwwen
RTL - 10.03.2010, 17:33 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2010, 20:27
Den neie Kollektivvertrag fir déi iwwer 7.000 Leit aus dem Botzsecteur ass ënnerschriwwen. An deem Kontrakt ass eng Prime vu maximal 525 Euro virgesinn.

Wann ee Botzkontrakt vun enger Firma bei eng aner transferéiert gëtt, muss déi nei Entreprise d'Salariéen aus dem Kontrakt och mat iwwerhuelen. Dee neie Kollektivvertrag gëllt vum 1. Mee un an da fir 3 Joer.

