RTL Group annoncéiert staark Resultater trotz der Kris
RTL - 11.03.2010, 08:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.03.2010, 08:54
RTL Group huet sech an der Kris bis elo relativ gutt gehalen. D’Joer 2009 gouf mat engem staarke Resultat ofgeschloss an d'Audienzzuele weisen no uewen.

De Netto Benefice loung mat 298 Milliounen Euro ongeféier um Niveau vun 2008 – Et ass e liichte Plus vu 0,7%.
Den Ëmsaz goung awer zréck, op 5,4 Milliarden – eng Baisse vu 6,3% par rapport zu 2008.
D’Aktionnäre kréien eng Dividend vu 3,5 Euro pro Titel – deeselweschte Montant wéi am Joer 2008.
De Chef vun RTL Group, Gerhard Zeiler, kommentéiert: D’éischt Halschent vum Joer 2009 wär extrem schwiereg gewiescht, well d’Revenue vun der Publicitéit op der Tëlee ganz staark zréckgoungen. An der zweeter Halschent vum Joer wär et nees besser ginn.
Et misst een awer dervun ausgoen, dass d’Publicitéits-Revenuen dëst Joer nach net zréck op déi héich Niveaue vu fréiere Joere zréckkommen.
RTL Group huet zejoert och gespuert – am Ganzen 371 Milliounen Euro.

