Käerjeng - Péiteng: Schwéier Blesséierte bei Accident
RTL - 11.03.2010, 11:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.03.2010, 11:38
Een Accident mat engem schwéier Blesséierte wor en Donneschdeg de Moie kuerz no 7.30 Auer tëscht Nidderkäerjeng a Péiteng geschitt.

Zwee Autoe woren aus ongekläerter Ursaach aneneegerannt. Eng Persoun gouf wéi gesot schwéier verwonnt. Wéinst den Opraumaarbechten hat d'Streck musse fir eng kuerz Zäit gespaart ginn.
Géint 00.45 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg wor op der Tréirer Autobunn ee Geeschterfuerer ënnerwee. De Chauffer wor op där falscher Säit vum Houwald Direktioun Irgäertche gefuer. Hien huet awer direkt d'Kéier gemaach an ass dunn déi richteg Säit op d'Autobunn gefuer. Zeien, déi dat gesinn hu soten der Police, datt de Chauffeur vun engem schwaarzen Audi du mat héijer Vitesse weidergefuer ass. Hie gouf e bëssche méi spéit vun der Police an der Sortie Waasserbëlleg gestoppt. Een Alkoholtest wor negativ.
Zu Dikrech an zu Buerglënster kruten um Mëttwoch zwee Automobilisten de Führerschäin ofgeholl, well se ze vill gedronk haten. Ee vun hinnen hat donieft seng Autossteier net bezuelt.
D'Police notéiert, datt et um Mëttwoch net manner wéi 5 Accidenter goufen, wou Réi an d'Autoe gelaf sinn. Et wor dat tëscht Bäerdref an Iechternach de Fall. Tëscht Walfer an dem Stafelter, zu Péiteng, tëscht dem Briddel a Bäreldeng a kuerz virun Ell.

