Nei Policecampagne: Virfahrt a rout Luuchten am Mëttelpunkt
RTL - 11.03.2010, 11:41 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.03.2010, 11:49
Gëtt sech un d'Prioritéite gehal a gëtt bei Stop-Schëlder a roude Luuchte stoe bliwen? Déi nächst Police-Campagne leeft vum 15. bis den 22. Mäerz.

Déi Kéier hunn d'Beamten d'Verhale vun de Chauffere vis-à-vis vun de Passanten am Viséier, awer och ob d'Autoe bei Rout stoe bleiwen an ob d'Stoppschëlter respektéiert ginn.
Dës präventiv Aktioun dauert wéi gesot vum 15. bis den 22. Mäerz.

