Stadion Léiweng: Ënnerstetzung fir Stater Schäfferot vun CLC

RTL - 11.03.2010, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.03.2010, 09:11 | 31 Commentaire(n)

Stadion Léiweng: D'Confédératioun du Commerce wonnert sech doriwwer, datt si bis elo net informéiert ginn ass an och iwwer d'Gréisst vum Projet.

Di blo-gréng Majoritéit um Knuedler kritt elo Ënnerstëtzung fir hir Kritik um Projet Léiweng mat Footballstadion a 'Centre commercial'.

Keng Consultatioun a keng Informatioun, d'Handelsconfederatioun wier bis elo praktesch iwwergaange ginn. An duerfir hätten hir Membere sech och net kënnen artikuléiere, seet den Directeur adjoint, den Yves Gordet, dat wier awer wichteg bei esou enger Envergure, déi – dovunner ofgesinn – bis elo net an deem Mooss bekannt wor.

 AUDIO: Den Yves Gordet 1 »



Ma 75 000 Meter-Carré, dat ass ee Batz.

 AUDIO: Den Yves Gordet 2 »



D'CLC gëtt weider ze bedenken, datt den Ament nach 170.000 autoriséierte Meter-Carré en cours sinn. Bannent de leschte Joren wir d'Fläch domadder ëm een Drëttel an d'Lut gaang. Duerfir och de Wonsch no enger méi strukturéierter Entwécklung.

 AUDIO: Den Yves Gordet 3 »



A während de Wirtschaftsminister vu positive Konsequenzen a punkto Steierrecette schwätzt a vu ronn 2 000 Aarbechtsplazen, fäert d'Confédération du Commerce ëm d'Zukunft vun honnerte Beschäftegten am Mëttelstand, also bei de klengen a mëttelgrousse Betriber.

VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg (11/03/2010)





Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!