Geriicht: Verkéiersaccident zu Altréier viru 6 Joer

RTL - 11.03.2010, 16:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.03.2010, 16:42

Dikrecher Geriicht: Ee jonke Mann kritt virgeworf, responsabel fir ee Verkéiersaccident bei Altréier ze sinn, bei deem säi Bäifuerer ëm d'Liewe koum.

Och Alkohol an Cannabis waren am Spill. Iwwer 6 Joer leien d'Faiten zeréck en Donneschdegmoie war de Prozess um Dikrecher Geriicht.

An den fréie Moiesstonne vum Sonndeg 30. November 2003 war den deemools 19 Joer ale Mann a säi Kolleg op der Iechternacher Streck an Direktioun Lëtzebuerg ënnerwee. Si koume vu Bitburg aus enger Disco. Den Ugeklote kritt virgeworf op der Héicht vun Altréier mat iwwer 130 Kilometer an der Stonn an een Auto gerannt ze sinn, deen him entgéint koum.

D'Accident war esou schlëmm, dat d'Gefier vun den zwee Jonken dono an dräi Stécker war; déi zwee sinn aus dem Auto geflunn. Deen een war op der Plaz dout, deen anere gouf liewensgeféierlech blesséiert. Den Här aus dem aneren Auto, gouf just liicht verwonnt.

Den Ugeklote kritt net nëmme virgeworf vill ze séier ënnerwee gewiescht ze sinn, ma en hat och 1 Promill Alkohol am Blutt an den Konsum vum Cannabis gouf nogewisen. Een Zeien, dee vu Bitburg un hannert dem Auto vum Ugeklote war, huet ausgesot, datt si ganz schlëmm gefuer sinn. Och den aneren Automobilist, deen an d'Accident verwéckelt war huet déi héich Vitesse an dat onkontrolléiert Fuere konfirméiert.

De Beschëllegte kann sech u keng Detailer vum Accident méi erënneren. En weess net méi wéi vill en gedronk an gedämpt hat an huet och keng Ahnung, ob hien iwwerhaapt mam Auto gefuer war oder säi Kolleg. Aus den Rapporte vun den Experte geet iwwerdeems kloer ervir, dat den Ugekloten hannert dem Steier souz.

D'Parti Civile huet am ganzen 280.000 Euro fir d'Famill vum Affer gefrot. Den Affekot vum Beschëllegte fir säin Deel huet op Fräisproch plaidéiert, et wär net kloer, datt säi Mandant gefuer ass an dofir misst eng nei Expertise gemaach ginn. Och giffen d'Faite 7 Joer zeréckleien an domat wär den "Délai raisonnable" fir ee Prozess iwwerschratt.

"Blödsinn" seet den Procureur dozou, alles wär "en règle". Aus den Expertisë giff kloer ervirgoen, dat den Beschëllegten hannert dem Steier souz an am Afloss vun Alkohol an Droge war. Dofir hätt den Parquet och gär d'Condamnatioun, eng Geldstrof an een Fuerverbuet fir den Här. D'Urteel an dëser Affaire gëtt den 15. Abrëll um Dikrecher Gericht gesprach.