BCL: Steiererhéijunge sinn net de richtege Wee, sou Mersch
RTL - 11.03.2010, 16:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.03.2010, 19:08
BCL: Iergendwéi muss d'Lach an der Staatskeess nees gefëllt ginn. Fir de President Yves Mersch si Steiererhéijungen awer net de richtege Wee.

Dat ass ee Volet am éischte Bulletin, deen d'Lëtzebuerger Zentralbank, dëst Joer publizéiert huet.
An do warnt de President Yves Mersch, knapps eng Woch ier d'Tripartite ufänkt, datt onbedéngt eppes um Niveau vun de Lounkäschte muss geschéien.
Déi sinn nämlech an de leschte Jore staark an d'Luucht gaang. Tëschent 1998 an 2008 sinn d'Léin ëm 38 Prozent geklomm. D'Moyenne an der Eurozon louch fir déiselwecht Period just bei 23 Prozent a bei eisem Noper Däitschland waren et grad mol 10 an en hallwe Prozent.
Wa mer déi Käschten net an de Grëff kréien, kréie mer nach méi Chômage, ënnersträicht de President vun der Lëtzebuerger Zentralbank, a méi Chômage géif sech och negativ op aner Beräicher auswierken.
De Liewensstil, dee mer an de leschte Joerzéngten zu Lëtzebuerg haten, ka wahrscheinlech net bäibehale ginn.De wirtschaftleche Wuesstem, deen an der Vergaangenheet an der Moyenne bei 4 Prozent louch, dierft an Zukunft éischter op deem selwechten Niveau leien, wéi an eisen Nopeschlänner, dat heescht tëschent 2 an 3 Prozent.
Fir déi ëffentleche Finanzen ze stabiliséieren si Steiererhéijunge fir den Yves Mersch awer net dat richtegt, hie gesäit aner Weeer.
Méi lues trëppelen also a verschidde méi kleng Reforme maachen, well eng Wonnerreform gëtt et fir den Yves Mersch net. Ënner kleng Reformen versteet de President vun der Zentralbank zum Beispill de Pensiounsalter eropsetzen.

