Offallprogramm: Méi Offall vermeiden, méi Recyclage

RTL - 11.03.2010, 17:06 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.03.2010, 09:08 | 2 Commentaire(n)

Neien Offallprogramm: Méi Offall vermeiden, méi Recyclage an dorunner geknäppt eng besser Notzung vum Offall, zum Beispill bei den alternativen Energien.

Dat as graff resüméiert den neien nationale Plang fir d'"Gestion des déchets". Den Donneschdeg gouf e virgestallt. Zënter Mëtt vun den 80er Joren schonns gëtt et een Offallprogramm zu Lëtzebuerg. Ronn 25 Joer duerno ka sech eis Gestioun vun den Décheten weise loossen, sou den Ëmweltminister Marco Schank, deen ënnersträicht, datt d'Ausland sech gären bei eis inspiréiert.

Et wëll ee net stoebleiwen a virun allem och bei de Problemoffäll nach besser ginn, eng vun de Prioritéiten elo ass d'Preventioun. Ënnert dem Stréch, sou betount de Minister, soll dat fir de Konsument net méi deier ginn.

E wichtege Pilier vun eiser Offallgestioun sinn d'Recyclezentren uechter d'Land. Mat ronn 1 Millioun Leit pro Joer si si ganz gutt besicht. Dofir sollen bei di 23, di et schonns ginn, der nach derbäi kommen, Käerjeng zum Beispill an duerno Jonglënster.

Eng interessant Zuel nach vläicht um Schluss: 9,46 Kilogramm Offall produzéieren d'Leit hei am Land pro Kapp a pro Joer.

VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg (11/03/2010)






Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!