Mëssbrauch: D'kathoulesch Kierch schaaft Gremium fir Affer
RTL - 11.03.2010, 18:10 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.03.2010, 09:08
No all de Kannermëssbräich vu Geeschtlechen uechter d'ganz Welt huet d'kathoulesch Kierch elo e Gremium geschaf, wou eventuell Affer sech kënne mellen.

A well Lëtzebuerg sécher keng Insel wier, huet d'Doumkapitel vun der Kierch decidéiert, fir kuerzfristeg e Gremium ze schaafe, wou sech eventuell Affer kënnen an Zukunft mellen.
Zu Lëtzebuerg wëll een also prett si wa sech Leit melle wëllen, déi ënnert Persounen am Déngscht vun der Kierch gelidden hunn.Déi nei Kontaktstell soll vun enger Fra geleet, a vu kompetente Fraen a Männer ënnerstëtzt ginn, esou de Mathias Schiltz.
A well de Grupp soll méiglechst neutral fonctionnéieren, si keng Bistumsleit doranner virgesinn, esou nach de Generalvicaire.
Wéi vill Leit mëssbraucht gi si, kann de Mathias Schiltz net soen, déi lescht 40 Joer weess Hie vu knapps 10 Verdachtsfäll.
|
D.h. si sinn am Alter pensionéiert ginn oder goufen eventuell an d'Ausland versat. Op alle Fall hätten se duerno kee Kontakt méi mat Kanner gehat.
Ma och an de 90er gouf et nach deen een oder anere Kontakt tëscht dem Bistum an dem Parquet.
Wéi gesot, de Mathias Schiltz schwätzt vun 10 Verdachtsfäll bannent de leschte 40 Joer.
Dem Kiercherecht no kënne Geeschtlecher wéint esou Mëssbräich suspendéiert, exkommunizéiert oder an de Laiestand zeréck versat ginn, an dat ass déi lescht Jorzéngten och eemol zu Lëtzebuerg geschitt.
| VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg (11/03/2010) |

