Chamberdebatt: An all Klass bis zu 2 Kanner mat ADHS

RTL - 11.03.2010, 18:22 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.03.2010, 08:39 | 7 Commentaire(n)

ADHS-Debatt an der Chamber: An all Schoulklass zu Lëtzebuerg sinn tëscht engem an zwee Kanner mat engem ADHS, dat ass een Opmierksamkeetsdefizit.

....respektiv eng Hyperaktivitéitsstéierung. En Donneschdeg war an der Chamber eng Aktualitéitsstonn zu dem Thema.

D'Eltere sinn dacks iwwerfuerdert mat hire betraffene Kanner an och an der Schoul ginn net ëmmer adequat Äntwerte fonnt.

Heiansdo mussen déi Concernéiert souguer aus de Klassen erausgeholl ginn, seet den André Bauler vun der DP.

 AUDIO: Den André Bauler »

 

D'Deputéiert sinn sech eens, dat d'Léierpersonal zu Lëtzebuerg besser iwwert ADHS informéiert muss ginn. Och giff et massiv un Strukture fir dës Kanner feelen.


 

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!