DP an Déi Gréng: LSAP fäert Debatt iwwer Rentesystem
RTL - 11.03.2010, 18:48 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.03.2010, 23:41
D'LSAP fäert en ëffentlechen Débat iwwert d'Zukunft vum Rentesystem. Dat schreiwen Déi Gréng an d'DP en Donneschdeg engem gemeinsame Communiqué.

Genee den Débat bräicht een awer, och well de Premier Jean-Claude Juncker annoncéiert huet, dass an der Tripartite net iwwert de Rentsystem wäert riets goen.
D'DP an Déi Gréng maachen elo en Appel un d'Regierung endlech mam Verstoppjes an puncto Renten opzehalen. Dee Sujet misst ëffentlech an net hannert zouenen Diere behandelt ginn.

