Lokales: Selbstmord tëscht Angelduerf an Ierpeldeng

RTL - 12.03.2010, 07:22 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.03.2010, 18:58

Selbstmord: Op der Streck tëscht Ettelbréck an Angelduerf wor um Freideg de Moien ee Mann vun enger Bréck gesprongen a gouf vun engem Auto iwwerrannt.

© Police
Hien hat kuerz no 4.30 Auer säin Auto op der N7 geparkt an ass du vun der Bréck erof op d'Strooss gesprongen. Eng Automobilistin hat de Mann an der Däischtert net gesinn a krut en ze paken. Si steet ënner Schock.

Et gëtt elo eng Autopsie vun der Läich gemaach.

De Miess- an Erkennungsdéngscht wor op der Plaz, fir eng Skizze vum Accident ze maachen. D'N7 gouf a béid Richtunge fir de Verkéier gespaart.