De städtesche Busservice gëtt méi attraktiv gemaach

RTL - 12.03.2010, 07:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.03.2010, 10:02

Méi Attraktivitéit fir de städtesche Busservice: Et kommeSchëlder op d'Arrêten op deenen ee genee gesi kann, a wéivill Minutten deen nächste Bus kënnt.

bus© t.y
De städtesche Busservice soll fir de Client nach méi attraktiv ginn. D'Busser déi duerch d'Stad fueren kréien dowéinst zanter Enn 2008 een neie Betribssystem. Elo fänkt déi 3. Phas un. Et kommen d'Schëlder op d'Arrêten op deenen ee genee gesi kann, a wéivill Minutten deen nächste Bus kënnt. Am ganzen gi bis de September 64 sou Panneauen um Gebitt vun der Stad opgeriicht. Déi éischt kommen Enn Abrëll, Uganks Mee, an zwar um P&R Bouillon, dem Centre Hamilius an der Stater Gare. De ganze System kascht, ouni TVA, 5 Milliounen Euro.

VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg