En neie Microfinanzfong gouf um Donneschdeg lancéiert
RTL - 12.03.2010, 07:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.03.2010, 07:44
En Donneschdeg gouf den neie Microfinanzfong mam Numm "Luxembourg Microfinance and development fund" offiziell lancéiert.

D'Ziil vum Fong ass net héich Renditen erauszeschloen, mee Leit an Entwécklungslänner ze hëllefen.
De Fong selwer vergëtt keng Kreditter oder Assurancen, mä en ënnerstëtzt, an aarme Länner, kleng Microfinanz-Institutiounen mat Kreditter, Garantien a Kapital.

