Protestpiquet vun CFL Cargo Mataarbechter zu Esch

RTL - 12.03.2010, 07:46 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.03.2010, 13:23

D'Mataarbechter vun CFL Cargo hu virun der Escher Gare op engem Protestpiquet géint d'Aarbechtskonditiounen an d'Sécherheet bei der CFL Cargo protestéiert.

Ras-Le-Bol“ bei de Beschäftegten vun CFL-Cargo, wat jo eng Joint-Venture ass vun CFL an Arcelor Mittal.

Virum Siège vun der Sociétéit, also virun der Escher Gare, war um Freideg de Moien ee Protestpiquet.

D'Aarbechtskonditiounen sinn net gutt, d'Perspektiven éischter däischter an de Sozialdialog mat der Direktioun ass inexistent. Dat sinn Echoe vun der gewerkschaftlecher Aktioun.

Ursaach vum Misär ass ënnert anerem d'Liberaliséierung, sou den André Zwally vum LCGB. Doduercher koum et zu enger Situatioun, déi an deem Sënn schwéier ze geréieren ass, well et bei CFL Cargo fir di ronn 400 Beschäftegt 3 Statute ginn. De normalen Eisebunnerstatut, dann dee private vun de Leit vun Arcelor-Mittal an dann den neie vun CFL-Cargo. D'Ënnerscheeder do si grouss, sou d'Gewerkschaften, wat sech dann och op den Alldag an der Sociétéit auswierkt a wat der Direktioun d'Méiglechkeet gëtt ee géint deen aneren auszespillen.

D'Aarbechtskonditiounen, ganz besonnesch wat d'Schichtaarbecht ugeet, sinn net gutt a si riskéieren nach méi schlecht ze ginn, wann d'Propose vun engem private Consultant, bei deem CFL-Cargo ëm Hëllef gefrot huet, ëmgesat ginn.

Inakzeptabel soen d'Gewerkschaften, well déi Proposen eis Aarbecht ruinéieren.

Bei der Direktioun schéngen d'Beschäftegt mat hire Suergen op daf Oueren ze stoussen, seet den André Zwally.

Et musse elo onbedéngt nei Proposen op den Dësch kommen, sou de Sindikatsvertrieder.

Vun der Direktioun vun CFL-Cargo gëtt sech elo eng Reaktioun erwaart.