D'Lëtzebuerger Douaniere solle méi laang an d'Schoul goen
RTL - 12.03.2010, 07:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.03.2010, 08:41
D’Lëtzebuerger Douanieren sollen och méi laang an d’Schoul goen. Dat huet hir Gewerkschaft en Donneschdegowend op hirer Generalversammlung gefuerdert.

Am Virfeld vun der Tripartite déi e Mëttwoch déi aner Woch ufänkt, hunn d'Douaniere sech en Donneschdeg op der Generalversammlung vun hirer Gewerkschaft, sech derfir staark gemaach, datt d'Fonctionnairen net aleng bludden dierfen. D'Polemik vun de Patronatsorganisatiounen wier net z'acceptéieren, sot de President vun der Douanesgewerkschaft a senger Oschlossried.
D’Lëtzebuerger Dounieren sollen och méi laang an d’Schoul goen. De Minimum, fir eng Carrière bei der Douane, soll op 5 Joer Secondaire eropgesat ginn, esou d'Fuerderung vun der Gewerkschaft.

