Messageries Paul Kraus: Kee Plan de Maintien dans l'Emploi

RTL - 12.03.2010, 11:43 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.03.2010, 11:49

Messageries Paul Kraus: Um Freideg war eng éischt Reunioun tëscht Gewerkschaft, Delegatioun an Direktioun. Et gëtt kee Plan de Maintien dans l'Emploi.

En Dënschdeg huet Messageries Paul Kraus annoncéiert, datt de Betrib géing restrukturéiert ginn. Et soll a nei Produktiounsanlagen investéiert ginn; de Betrib soll erëm op Orbit bruecht ginn. An dat bréngt mat sech, datt geschwënn 35 Plazen ze vill sinn. Déi Persoune sollen nach virun Enn dës Joers entlooss ginn.

Um Freideg war eng éischt Reunioun tëscht Gewerkschaft, Delegatioun an Direktioun. Den André Sowa vum Onofhängege Gewerkschaftsbond war de Moien do a ka scho confirméieren, datt et kee Plan de Maintien dans l'Emploi gëtt:

 AUDIO: Den André Sowa vum OGBL »

Den Ament schaffen nach 120 Leit fir d'Messageries Paul Kraus. En Datum fir d'Verhandlunge fir e Sozialplang ass nach net festgeluecht.