Mobbing ASBL: Lëtzebuerg brauch een „Anti-Mobbing Gesetz“!
RTL - 12.03.2010, 12:09 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.03.2010, 10:03
D'lescht Joer si méi Leit gemobbt ginn, ewéi nach 2008. Dat läit vrun allem un der wirtschaftlech precairer Situatioun hei zu Lëtzebuerg, sou Mobbing ASBL.

D'ASBL huet um Freideg de Moien hir Aktivitéite vun 2009 presentéiert.
D'Associatioun, déi vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond an dem Syprolux gegrënnt gouf, bekëmmert sech ëm d'Victimë vum Mobbing a mécht och präventiv Aarbecht.
Mobbing ASBL ass speziell frou, dat den LCGB an den OGBL d'lescht Joer eng Conventioun iwwert Mobbing a Gewalt op der Aarbecht mat der „Union des Entreprises Luxembourgeoise“ ënnerschriwwen hunn. Et gëtt et also een Text, deen elo an Musik ëmgeseet muss ginn.
Vrun allem a klengen an mëttel Betriber ass d'Conventioun awer schwéier ëmzesetzen. Dofir hätt d'Mobbing ASBL och gär een „Anti Mobbing Gesetz“. Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit hätt schonn annoncéiert, no der Evaluatioun vun der Conventioun ze kucken, wéi et weidergoe soll.
An Zäite vun der Kris kéint de Mobbing méi hefteg ginn, präziséiert d'Monique Breisch, Responsabel vun de Consultatiounen.
D'lescht Joer hu sech eng 2200 Leit iwwer Telefon bei der Associatioun gemellt, dat sinn der iwwer 400 méi ewéi d'Joer virdrun. 2009 hat Mobbing ASBL eng 300 Consultatiounen, sou den Joé Spier.
D'Leit déi sech bei Mobbing ASBL mellen, sinn vrun allem Fraen, eeler Leit a Personal aus dem Handel, der Santé an dem Bankesecteur.
VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg

