Jardirêve: Vum 12. bis de 14. Mäerz an der Luxexpo
RTL - 12.03.2010, 12:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.03.2010, 13:23 | 0 Commentaire(n)
Luxexpo: En éischten Abléck an Impressioune vun engem hoffentlech schéine Summer kritt een de ganze Weekend op der 8. Editioun vu Jardirêve.

Dëst Joer si ronn 140 Aussteller op der Jardirêve vertrueden. Déi meescht ënnert hinne si Lëtzebuerger Betriber, ma ënnert hinne sinn der awer och aus Däitschland, der Belsch an esouguer aus Holland.
D'Marika Gorzemaker ass Responsabel fir d'Organisatioun an den Oflaf vu Jardirêve hei zu Lëtzebuerg. Si freet sech ganz besonnesch, dass och dëst Joer d'Gärtner sech nees immens vill Méi gemaach hu fir de Public an eng aner Welt ze versetzen.
Déi Ambiance spiert ee schonn direkt an der Entrée vun der éischter Hal. Do gëtt een an eng ganz Zen Welt versat an dat mat engem Stand deen am Style vun engem japanesche Gaart opgebaut ass. Stengweeër, Bouddha Statuen a ganz ronn tailléiert Beemercher ginn engem richteg Loscht sech aus dem Alldag Stress dohinner zréckzezéien wann engem alles ze vill gëtt.
Jardirêve ass jo och ëmmer nees eng Geleeëhenheet fir sech Gedanken iwwert Ännerungen a sengem Gaart ze maachen an awer och fir ze kucke wat dëst Joer „in“ ass a wat een onbedéngt dëst Joer doheem muss a senger grénger Oas integréieren.
Wunnen am Gaart, méi Zäit dobausse verbréngen, eng flott Saach déi och mat der Zäit ëmmer méi gemittlech gëtt. Gaardemiwwele stinn haut de Salonsmiwwele méi no wéi deem wat een eigentlech ënner Gaardemiwwele versteet. Couchen déi och an ee Salon géif passen, niddreg Dëscher. Villes am Holz awer och ëmmer méi am Rotin, respektiv Immitatiounen am schéinen a resistente Plastik– well dat méi laang hält an och bei schlechtem Wieder net esou séier elle gëtt.
Da ginn et och nach sëlleche Grill a Barbecue Material, wou een zum Deel scho bal vu richtege Grill Maschinnen, respektiv Abau-grill schwätze kann. Och do gëtt ëmmer méi op den Design gekuckt. Futuristesch, puristesch an einfache Schwenkgrill, an de Foires Hale gesäit een de Weekend e bëssi vun allem.


Äre Commentaire