Mecoskop: Mouveco-Site fir Regierungsaarbecht ze checken
RTL - 12.03.2010, 15:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.03.2010, 10:05 | 9 Commentaire(n)
Mouvement Ecologique: Mam neie "Mecoskop"-Site gëtt Dag fir Dag gecheckt, wéi wäit di eenzel Regierungsmemberen de Koalitiounsaccord ëmgesat hunn.

Dat wier net weider schlëmm, fënnt ee beim Mouvement Ecologique, ma mat deem neie 'Mecoskop' wëll d'Ëmweltgewerkschaft 'dohannert bleiwen': d.h. Dag fir Dag um Internet checke, wéi wäit di eenzel Regierungsmemberen sech un de Vertrag halen oder net.
D'Presidentin Blanche Weber ass net zefridden: Hir feelt et bis elo un engem klore Message aus der Regierung. Am Mëttelpunkt vun der Kritik: déi zwee CSV-Ministeren aus dem Ministère fir nohalteg Entwécklung an hir Net-Positionnéierung virun der Tripartite.
Dat wier de richtege Message gewiescht, soen se beim Meco. An do sinn se och enttäuscht, wéi séier d'Politik an der Kris erëm op d'Schinn, eenzeg vun der Wirtschaftscroissance gesprongen ass... ganz lass geléist vum 'Développement durable'.

Dovunner ofgesinn ass d'Blanche Weber iwwerzeegt, datt de Superministère vun der nohalteger Entwécklung nach am Rodage ass.
Do feelt nach ëmmer en internen Organigramm an d'weess och keen esou richteg wéi ee Minister da fir wat responsabel ass.
Deen Duerchenaner géif sech och bei der respektiver Chamberkommissioun weisen, déi d'Dossiere schon nees an diversen Aarbechtsgruppen opgedeelt huet, esou de Constat vum Mouvement Ecologique.
A wee sech duerfir interesséiert, wéi d'Regierungsmemberen ët effektiv mat der Nohaltegkeet halen: Hei ass de Site

| VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg |


Äre Commentaire