Lokales: Accident tëscht Fëlschdrëf a Méideng
RTL - 13.03.2010, 13:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.03.2010, 15:27
Accident tëscht Fëlschdref a Méideng. E Chauffeur hat d'Kontroll iwwert säin Auto verluer, ass an de Stroossegruef geroden an huet sech iwwerschloen.

Den Automobilist gouf liicht blesséiert an hat ze vill gedronk.
Eppes no 7 Auer um Samschdegmoien war zu Luerenzweiler, op der Héicht vun der Gare, en Automobilist mat sengem Gefier a geparkte Ween gerannt.

