Konsdrëf: Automobilist ze séier an zevill Alkohol am Blutt

RTL - 13.03.2010, 13:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.03.2010, 14:37

Tëscht Heeschbreg a Konsdrëf waren de Beamten an der Nuecht op e Samschdeg 2 Autoen opgefall, déi vill ze séier ënnerwee waren. 1 Führerschäin gouf agezunn

© RTL / Patrick Frieden

D'Police ass en nogefuer an huet déi zwee Chauffeuren zu Konsdrëf gestoppt.

Si si mat Amenter mat 150 Kilometer an der Stonn gerannt.

Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt ee vun deenen zwee ze vill gedronk hat.

Hie krut de Führerschäin ofgeholl an d'Beamten hunn zwee Protokoller geschriwwen.