Chauffer vu groem BMW huet bal 2 Polizisten iwwerrannt

RTL - 14.03.2010, 11:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.03.2010, 11:40

Lokales: An der Nuecht op e Sonndeg huet an der Stater Neipperg-Strooss ee Chauffeur et drop ugeluecht, zwee Polizisten z'iwwerfueren.

© RTL / Patrick Frieden

De groe BMW ass der Police no mat héijer Vitesse an Direktioun vun deene zwee Beamten gefuer, déi vrum Parking eng Kontrolle gemaach hun. Am leschte Moment huet de Chauffeur de Won eremgerappt an ass laanscht gefuer.

Kuerz drop konnt een anere Polizist, deen op der Kräizung tëscht rue Bender an Bouneweeger Strooss stoung, juste nach mat Zäiten aus der Strooss sprangen, och hei war de BMW op hien duergefuer. Den Auto ass an Direktioun Gare fortgefuer, mat engem Policewon hannendrun. De BMW ass duerch all rout Luuchte gefuer a konnt sech duerch d'Bascht maachen. D'Sich nom Won hat kee Succès.

5 Führerschäiner agezunn
D'Police huet och bei verschiddene Kontrollen uechtert d'Land 5 Leit de Führerschäin ofgeholl – si haten alleguerten zevill gedronk.