LSAP-Kongress: De Staat däerf sech net futti spueren
RTL - 14.03.2010, 12:36 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.03.2010, 08:16 | 21 Commentaire(n)
3 Deeg virum Optakt vun der nationaler Triparite huet d'LSAP um Sonndeg hire Kongress zu Rued-Syr wou et haaptsächlech ëm d'Finanz- a Wirtschaftskris goung

E Staat, deen sech elo net dierft 'futti spueren', duerfir wiren d'Sozialiste jo och d'accord mat enger Erhéjung vun der Solidaritéitssteier oder enger Steier op verschidde Revenuen.
Sollt d'Tripartite keen Accord fannen, dann ass d'LSAP duerfir fir datt d'Regierung an d'Chamber hir Responsabilitéiten iwwerhuelen.
Di grouss Riede vum Parteipresident Alex Bodry, vum Ausseminister Jean Asselborn a vum Fraktiounschef Lucien Lux waren, au contraire zu anere Parteie net um Enn, ma direkt am Ufank vum Kongress.
Lëtzebuerg muss reforméiert ginn, effektiv, esou den Alex Bodry, d'kann net einfach esou viru lafe, wéi bis elo: de Staat muss staark bleiwen a fir staark ze bleiwen, dierf dee Staat net iwwerschëlt ginn.
De Sozialstaat dierf net ausverkaf ginn: dat kéint et net ginn, net mat de Sozialisten.
Ma wat dem Alex Bodry do am meeschten Angscht mécht, dat ass d'Solidargemeinschaft, déi a Gefor ass.
Wat fréier méiglech wor, muss awer och nach haut méiglech sinn, huet den Alex Bodry gemengt, als Allusioun op d'Tripartiten an de Krisejoren, Enn der 70er an Ufank der 80er.
Kritik gouf et och fir d'Finanzwelt, wou et misst méiglech sinn iwwert e spezielle Bäitrag vun de Banken ze diskutéieren, ma och Kritik fir d'DP an déi aner Parteien, déi ofwaarden, keng Alternativen oder keng nei op den Dësch leeën, a sech wäerten aus der Responsabilitéit stielen, wann et esou wäit ass, huet den Alex Bodry gemengt.
Fir d'LSAP géing et drëms, datt d'Tripartite oder eben d'Politik en equilibréierte Pak géint d'Kris zesumme bréngt. Natierlech ouni un den Index ze goen.
VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg


Äre Commentaire