Déi Gréng hu mam S.Tanson a C. Goebel nei Parteipresidenten
RTL - 14.03.2010, 18:27 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.03.2010, 08:16 | 9 Commentaire(n)
Déi Gréng hunn zanter hirem Parteikongress um Sonndeg mam Sam Tanson a mam Christian Goebel eng Parteipresidentin an e Parteipresident.

D'Finanz an d'Wirtschaftskris an d'Weeër do eraus waren den Haaptsujet um Sonndegmëtten um Kongress vun deene Gréngen, déi lomam Sam Tanson a Christian Goebel eng Parteipresidentin an e Parteipresident hunn.
Am alen Tramsschapp um Lampertsbierg huet de Fraktiounschef François Bausch ënnerstrach, datt, senger Meenung no, net just déi Leit fir d'Kris musse bezuelen, déi eigentlech net fir dofir kennen.
Natierlech muss een iwwer „spueren“ diskutéieren, wann et drëms geet fir de Staatsbudget nees an Aklang ze bréngen, fënnt de François Bausch, ma et muss awer op eng sozialgerecht Manéier gespuert ginn, seet en am selwechten Otemzuch.
Mat Inaktivismus kënnt ee mat Sécherheet net aus der Kris eraus, ënnersträicht déi nei Parteipresidentin Sam Tanson an nennt d'Aarbecht vun der Regierung „Gewurschtels“ ouni Visioun a Koheränz.
Den Hypermarché a Fussballstadion zu Léiweng gouf och nach emol vum François Bausch kritiséiert an hien huet dobäi ënnerstrach datt déi Kritik näischt mam Sport ze dinn huet, mä vill éischter mat deem rondrëm.
D'LSAP an do virop de Wirtschaftsminister sinn awer net just bei dësem Projet schlecht ewech komm.
Déi Gréng sinn der Meenung, datt d'Lëtzebuerg fir d'Zukunft eng Industrie mat Visiounen brauch, eng propper a reguléiert Finanzplaz a virun allem e kohärente Sozialstaat, zu deem jidderee säint ka bäidroen.
VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg


Äre Commentaire