Déi Lénk wëllen onbedéngt eng Sektioun an der Stad opbauen

RTL - 14.03.2010, 18:36 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.03.2010, 12:16 | 26 Commentaire(n)

Déi Lénk: „De Kapitalismus huet d'Kris gär, well d'Patronat dann d'Meiglechkeet huet, déi sozial Rechter vun den Leit déi schaffen ofzebauen.“

Sou d'Analyse vun déi Lénk um Sonndegmëtteg op hirem éischte Kongress no den nationale Wahle vum leschte Joer.

An enger Zäit, wou den Kapitalismus säi brutalste Gesiicht giff weisen, mist et eng Partei wéi déi Lénk ginn, déi fir een Systemwiessel steet.

Déi klengste Partei aus der Chamber ass zefridde mat hirer Aarbecht. Dat lescht Joer wär gutt gewiescht. Am „Peuple“ zu Esch/Uelzecht hunn „déi Lénk“ präziséiert ouni Hëllef vum Staat an an der Konkurrenz mat der Kommunistescher Partei een Sëtz am Bezierk Süde fir an d'Chamber kritt ze hunn. Mee et geet weider, sou den David Wagner.

An der Stad wëllen déi Lénk onbedéngt eng Sektioun opbauen. Un der Regierung an den anere Parteien hunn déi Lénk kee gutt Hoer gelooss. Se giffen d'Kris als Excuse huele fir sozial Leeschtungen ofzebauen an just nom Patronat kucken. 

Mat hirer Compagne „Eis Aarbescht, Eis Rechter“ wëllen déi Lénk een Géigenentworf zur Regierungsaarbecht proposéieren. Sie fuerderen een Recht op Aarbecht, een Mindestloun deen duergeet fir ze liewen an eng sozial Ofsécherung. Awer och Gesellschaftspolitesch Theme waren den Mëtteg een Sujet um Kongress vun déi Lénk. 

Déi Lénk schaffen am Moment un enger zweeter „Proposition de loi“. Hei geet et drëms, fir Entreprisen am Noutfall kënnen ze expropriéieren, déi Beneficer maachen an awer Leit entloossen.

D'Memberszuele vun déi Lénk sinn am leschte Joer däitlech eropgaang, nämlech vun 150 op 280. Dobäi kommen nach eppes iwwer 100 Sympathisanten.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!