Police: Verstäerkt Kontrolle bei roude Luuchten a Virfahrten

RTL - 15.03.2010, 07:33 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.03.2010, 09:52

Vun e Méindeg un leeft eng nei Campagne vun der Police mat där se d'Sécherheet op der Strooss verbessere well.

An den nächsten 8 Deeg gi präventiv a repressiv Kontrolle gemeet, bei deenen d'Beamte virun allem kucken op ee bei engem Stoppschëld stoe bleift, op een d'rout Luuchte respektéiert an op een sech un d'Virfahrten hält.