Gewalt an der Schoul: méi verbal, manner Kläppereien

RTL - 20.03.2010, 12:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.03.2010, 12:24 | 2 Commentaire(n)

D'Gewalt an der Schoul dréckt sech hautdesdaags éischter verbal aus a manner iwwert de Wee vu Kläppereien, sou de Prof. Georges Steffgen vun der Uni.

Dacks gi Schüler gehänselt, well se op iergendeng Manéier anescht sinn, net an d'Schema passen. Eng sëlleche Schüler ginn och gemobbt, am Fachjargon heescht dat "bullying". Ob d'Gewalt zougeholl huet ass allerdéngs schwéier ze soen. Et leien nämlech keng konkret Chiffre vir. RTL huet mat engem Expert geschwat an ënner anerem gefrot, wéi eng Formë vu Gewalt et an der Schoul ginn ...

An déi Formë si ganz ënnerschiddlech, seet de Professer Georges Steffgen vun der Uni Lëtzebuerg.

Wat d'Situatioun hei am Land betrëfft, sou ass am internationale Verglach besonnesch an der Altersgrupp vun deenen 13- bis 15-Järegen déi psychesch-verbal Gewalt méi staark verbreet wéi déi physesch. D'Kläpperei am Schoulhaff ass deemno éischter Vergaangenheet.

Zanter 10 Joer scho setzt sech de Professer Georges Steffgen vun der Uni Lëtzebuerg mam Phänomen vun der Gewalt an der Schoul auseneen an hält fest, datt verschidde Leit gezilt d'Affer vun där Gewalt ginn.

Den Expert betount, datt an all Gesellschaftsgruppen esou Verhalensmuster optrieden. Enquêten, déi an de leschte Joere gemaach goufen, weisen awer och, dass et Differenzen tëscht deenen eenzelnen Zorte vun Enseignement ginn. Sou trëtt zum Beispill am Lycée technique e bëssche méi physesch Gewalt op.

Een anere wichtegen Aspekt ass, wéi den Enseignant seng Klass geréiert. D'Schoule ginn awer och well ëmmer méi aktiv op dem Plang.

De Georges Steffgen vun der Uni Lëtzebuerg betount och, datt et net nëmmen drop ukënnt, d'Schüler ze forméieren, mä dass och d'Enseignantë mussen déi néideg Ënnerstëtzung kréien, wéi si hir Klass kënne richteg geréieren.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!