Etude iwwer Lëtzebuerger Pouleten: Just 12 Stéck analyséiert
RTL - 18.03.2010, 07:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.03.2010, 15:47 | 18 Commentaire(n)
Eng EU-Etude aus dem Januar 2008 hält fest, datt zu Lëtzebuerg 100 Prozent vun de Pouleten Campylo-Bakterien hätten. De Minister gëtt awer Entwarnung.

D'europäesche Agence fir Liewensmëttelsécherheet huet e Mëttwoch ee Rapport publizéiert, aus deem ervirgeet, dass 2008 méi wéi 3/4 vun de Pouleten, déi an der EU verkaaft goufen, mat Campylo-Bakterien verseucht waren. D'Analysë goufen a verschiddene Schluechthaiser gemaach. Lëtzebuerg huet besonnesch schlecht ofgeschnidden. Do waren nämlech 100% infizéiert.
MDB: Keng Gefor
De Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo relativéiert awer d'Etude iwwert d'Poulete vun der europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet. Et wäre just e puer Pouleten ënnersicht ginn a wann een d'Gefligel richteg verschafft, giff et och keng Gefor ginn.
|
D'Lëtzebuerger Poulete sinn net méi oder manner vum Campylo-Bakter betraff ewéi Gefligel aus den Nopeschlänner, betount de Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo, deen net vill vun der europäescher Etude hält.
Campylo-Bakterien kënnen Duerchfall ausléisen. Mee: D'Poulete wäre schonn ëmmer an och iwwerall méi oder manner mam Campylo-Bakter contaminéiert, esou de Minister. Dat wär näischt Neies an dofir wär Panik och net ubruecht. Wichteg ass, dat een den Poulet richteg preparéiert, dat heescht e soll gutt duerch sinn.
MDB: Vill Kontrollen
Wat Salmonellen ugeet, waren an der EU 16% infizéiert. Do hat Lëtzebuerg awer 0% opweises.
Eng 100-prozentesch Sécherheet gëtt et awer net. De Ressortminister präziséiert awer, dat vill fir Liewensmëttelsécherheet zu Lëtzebuerg gemaach gëtt. Notamment gëtt et am Gesondheetsministère ee "Service de la Securité Alimentaire" an d'Douane mécht regelméisseg Kontrollen an den Restauranten.


Äre Commentaire