Mëssbrauch a Mësshandlungen zu Betten an engem Internat?

RTL - 18.03.2010, 08:01 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2010, 22:41 | 41 Commentaire(n)

Mëssbrauchs- a Mësshandlungen zu Betten am Internat Jean-Baptiste de la Salle: E fréiere Schüler zielt vun enger Rei Fäll an de 60er a 70er Joren.

D'Lëtzebuerger Wort publizéiert um Donneschdeg ee Bréif vun engem fréiere Schüler aus dem Internat vu Betten un der Mess. Dëse Mann schreift, dass et an de 60 a 70er Joren zu Mëssbrauchfäll komm ass. Hie kéint just de Kapp rëselen iwwert de Generalvikar Mathias Schiltz, dee vun ongeféier 10 Fäll am ganze schwätzt. Dëse Chiffer géif schonn alleng op d'Internat Jean-Baptiste de la Salle passen.

De Mann schreift, dass e selwer jorelaang mësshandelt gouf an nach haut drënner leit. Hien hätt deemols alles wëllen opdecken, mä et wier vertuscht ginn.

"Opklärung schwiereg"

De Mathias Schiltz sot dem Wort, et wier schlëmm an ze veruerteelen, wann et déi Mëssbrauchs-Fäll effektiv goufen. D'Jugendheem vun de "Frères des écoles chrétiennes" hätt ëmmer eng gewëssen Autonomie gehat a si wieren haut guer net méi zu Lëtzebuerg present. Dat géif eng Opkläerung schwiereg maachen.

Weder hie selwer nach déi deemoleg Bistumsverwaltung, wieren iwwer Mëssbrauch zu Betten un der Mess um Courant gewiecht.

Op ausdréckleche Wonsch vum Äerzbistum ass de Bréif mat de Coordonnéeë vum Mann un de Parquet geschéckt ginn.

Ee weideren Zeien

Bei RTL huet sech um Donneschdegmoien och een Ex-Schüler aus derm Internat gemellt, dee schwéier Mësshandlungen un de Jonge confirméiert huet. Dem Mann geet nach haut no, wat een zum Deel selwer duerchlieft, virun allem awer als Aenzeien erlieft huet. Während senger Aussoe ass en an Tréinen ausgebrach. Hien huet allerdéngs kloer "just" vu Mësshandlunge geschwat an net vu Mëssbrauch.

VIDEO: Een Affer huet sech un RTL geriicht.

Confirmatioun vum Robert Biever

De Procureur Robert Biever huet dat an der Tëschenzäit confirméiert a vun op d’mannst nach engem weidere Fall geschwat. Dem Procureur Robert Biever sinn zwee Fäll vu Mëssbrauch bekannt, sot hien eis, an huet och confirméiert, datt d’kathoulesch Kierch déi Leit op de Parquet geschéckt huet mat hiren Temoignagen. Eng Adress, wou se och higehéieren, seet de Procureur, esouguer wann d’ Fäll juristesch verjährt sinn.

De Parquet kann d'Roll vun engem Interlocuteur a vun engem Vermëttler iwwerhuelen. De Procureur seet, op jidfer eenzelne Fall géing prezis gekuckt ginn an d’ Fäll wiere jo guer net onbedéngt all verjährt.

VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!