Schaarf Kritik vum Fernand Kartheiser un der Aussepolitik
RTL - 18.03.2010, 08:27 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.03.2010, 08:33 | 11 Commentaire(n)
Schaarf Kritik gouf et e Mëttwoch an der Chamber vum pensionéierten Diplomat an ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser un der Lëtzebuerger Aussepolitik.

Den Här Kartheiser huet dorobber higewisen, datt elo zwou Ambassaden, déi vu Schweden an déi vun Ungarn, vu Lëtzebuerg ofgezu gi sinn.
Dat ass e schlecht Zeeche fir d'Renommee an den Afloss vu Lëtzebuerg, fënnt den Deputéierten.
Ganz dovunner ofgesinn, datt sech zanter Jore keng international Organisatioun méi am Land néiergelooss hätt.
Den Ausseminister Jean Asselborn huet dat anescht gesinn.
|
An zwar wéint dem europäesche 'service d'action extérieure', deen am Traité vu Lissabon virgesi wor an elo opgebaut gëtt.
Lëtzebuerg huet den Ament eng 100 Diplomaten.

Äre Commentaire