Pëtschent: Auto brennt no Iwwerschlag komplett aus
RTL - 18.03.2010, 09:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.03.2010, 11:21
Lokales: Um Mëttwochowend koum et vu Pëtschent Richtung Mont St. Nicolas zu engem Accident bei deem en Auto sech iwwerschloen huet an ausgebrannt ass.

Den Auto huet sech iwwerschloen, blouf op der Strooss leien an huet du Feier gefaangen.
Den Automobilist konnt sech nach selwer aus dem Auto retten, gëtt awer un e kéint sech un näischt erënneren.
Trotz Läschversich, ass den Auto komplett ausgebrannt.
Den Alkoholtest beim Fuerer vum Auto war positiv an de Führerschäin gouf agezunn. Et ass kengem Mënsch eppes geschitt.

