Déi nei iPhone App vun RTL.lu: Sidd ëmmer App to date!

RTL - 18.03.2010, 11:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.08.2010, 14:30 | 21 Commentaire(n)

News a Sport, Trafic a Meteo, Lieserbréiwer a Commentairen, Radio live an Télé live si just e puer Highlights aus der neier App vun RTL.lu fir den iPhone.

Keep in touch - mat der neier App vun RTL.lu

Wéi fannt Dir
dësen Artikel?
67.65%
32.35%
102 Vote(n)
Informatioun, Entertainment a Service: Mat der neier APP vun RTL.lu hutt Dir ëmmer alles bei Hand.

Déi neitsten national an international Noriichten, aktuell Sportresultater, interessant Nouvellen aus dem Domaine vun der Kultur a flott Fotosgalerien: Héchste Comfort bei der Informatioun ass awer net alles, wat déi nei App vun RTL.lu ze bidden huet.

Informéieren a kommentéieren

Meteosprevisiounen an Traficinformatiounen, Agenda an Horoskop, Lieserbréiwer, Commentairen a Carte Blanchen – all dës Saachen sinn och an der neier iPhone-App vun RTL.lu ze fannen.

Radio lauschteren, Télé kucken

Natierlech kënnt Dir och RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren an RTL Télé Lëtzebuerg live kucken. Ganz praktesch och d’Recherche am Online-Audio- a Video-Archiv.

Filmer & Fester

D’RTL-App bidd Iech weider de komplette Kinosprogramm vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun, seet Iech, wat nei uleeft a wat vun ale Filmer gewise gëtt, a liwwert Iech en plus e Resumé vun all Film.

An d'RTL.lu-App seet Iech, wat wou wéini zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun leeft. All Informatiounen iwwert Baler, Fester, Ausstellungen, kuerz gesot en enorme Choix u Fräizäit- a Kulturevenementer.

Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg vum Michel Thiel


Déi nei App vun RTL.lu ass perfekt fir Ären iPhone an Ären iPod touch! Si ass vun elo u gratis erofzelueden am App Store.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!