FNCTTFEL: Spuerpolitik ass net de richege Wee fir d'Land

RTL - 18.03.2010, 12:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.03.2010, 12:26 | 5 Commentaire(n)

Landesverband: Mat senger Spuerpolitik ass d'Lëtzebuerger Land um falsche Wee. Dat kann een als Conclusioun aus dem FNCTTFEL senger Analys zeréckbehalen.

Op Drock vum Patronat geet et nëmme nach drëm fir ze spueren, sou de Justin Turpel, Vizepresident vum Landesverband. Dat ass net de richtege Wee, sou de Justin Turpel, deen dat och op den Ufank vun der Tripartite bezitt.

Mat sou enger Politik ass den Ëmverdeelungsprinzip heiheem a Fro gestallt. An deem Kontext ass de Landesverband fir d'Aféieren vun enger Verméigenssteier an allgemeng fir eng Diskussioun iwwert d'Recetten vum Staat.

En Zuch an di falsch Richtung wier och déi vun der EU diktéiert Liberaliséierung. D'Aarbechtskonditiounen bei CFL Cargo wieren ee Beispill dofir an och d'Decisioun fir bei der Post den Telekommunikatiounsberäich auszeglidderen.

De Landesverband wëll och an Zukunft als kämpferesch Gewerkschaft optrieden. Eng grouss Bedeitung hunn dofir Enn Mäerz d'Berufschamberwahlen fir den ëffentlechen Déngscht, sou de Justin Turpel.

Déi Solidaritéit weist de Landesverband dann och mat alle Gewerkschaften, déi elo am Kader vun der Tripartite géint eng Politik vum sozialen Ofbau sinn.

Dat d'LSAP den Tripartiteaccord vun hirer Basis ofseene wëll loossen, gëtt beim Landesverband begréisst.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!