SNJ: Symposium iwwer Fräizäitaktivitéiten zu Eesebuer
RTL - 18.03.2010, 12:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2010, 07:43
De Service National de la Jeunesse bitt an Zukunft eng nei Formatioun fir Moniteuren un, déi bei Fräizäitaktivitéiten Responsabilitéiten iwwerhuelen.

Och d'Aktivitéiten selwer sinn haut anescht, wéi nach virun e puer Joer. Et gëtt deemno genuch ze diskutéieren an um Donneschdeg ass esou e Forum zu Eesebuer.
Déi Responsabel gesi sech eemol d'Joer fir sech auszetauschen an neien Input ze kréien.
„Innovative Freizeitmassnahmen“ ass de Symposium iwwerschriwwen, dee vum Service National de la Jeunesse zesumme mam Service vun de Vakanzenaktivitéiten an der Stad Lëtzebuerg, dem CAPEL, organiséiert gëtt.
52 Leit, déi sech an de Gemengen uechtert Land em d'Fräizäitaktivitéite këmmeren, sinn zu Esebur beiëneen. Dat sinn der rëm eng Kéier méi, wéi di Jore virdun. Kee Wonner, seet den Direkter vum SNJ, de Georges Metz et besteet eng Tendenz zur Professionaliséierung.
Mee net nëmmen d'Moniteuren, déi sech ëm d'Aktivitéite këmmere sinn anerer, wéi nach virun e puer Joren, mä och d'Aktivitéiten selwer. D'Kanner géifen haut ënnert enger permanenter Reiziwwerflutung leiden, seet de Claude Simon vum CAPEL. Dofir well ee kompensatoresch schaffen.D'Fräizäitaktivitéiten solle sech also vun deem ënnerscheeden, wat d'Kanner schon an hirem Alldag erliewen. An der Fräizäit muss och Fräiraum sinn an d'Monitueren spillen eng zentral Roll, seet d'Stefanie Pietsch vum Zentrum fir Kanner an Jugendfuerschung zu Freiburg
An ebe well d'Moniteuren esou eng zentral Roll spillen, well den SNJ och eng nei Formatioun aféieren. Mat 50 Stonnen ass déi méi kondenséiert, wéi d'Formatiounen, déi et scho gëtt. An e puer Gemenge probéiert een dat den Ament aus an duerno soll d'Formatioun eng legal Basis kréien.
This communication, issued by CLT-UFA S.A. (CLT-UFA), is confidential and we do not waive confidentiality by mistransmission. If you have received it by mistake please notify the sender immediately by reply and then delete it permanently from your system without copying it, using it for any purposes or disclosing its contents to any other person. Thank you for your cooperation. Any views expressed in this message are those of the individual sender and may not necessarily reflect the views of CLT-UFA. Emails are not secure and cannot be guaranteed to be error free as they can be intercepted, amended, lost or destroyed, or contain viruses. Anyone who communicates with us by email is taken to accept these risks.

