CFL: Zich tëscht Lëtzebuerg an Ettelbréck rullen nees
RTL - 18.03.2010, 12:41 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.03.2010, 16:15
CFL: De Problem op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Ettelbréck ass behuewen. D'Zich rullen nees. E futtisse Stroumkabel hat jo ee Catenaire gekappt.

D'Héichspannungsleitung war zwar bannent 12 Minutte gefléckt, mee d'Reparatur vum Catenaire huet méi laang gedauert. Am Endeffekt konnt si awer och nees méi séier hirgeriicht ginn, wéi geduecht. Géint 15 Auer war nees alles normal.
Bis zu de Spëtzenzäiten am owestrafic sollt sech nees alles wéi gewinnt lafen.
An der Tëscht haten eng 12 Bussen d'Zich ersat.

