Kee Konzept fir Scolarisatioun am Prisong: Hëllef versprach!

RTL - 19.03.2010, 11:57 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2010, 19:43 | 4 Commentaire(n)

Kee schoulescht Konzept fir Mannerjähreger am Prisong, kritiséiert d'Mënscherechtskommissioun. Biltgen mat Delvaux-Stehres fir kuerzfristeg Verbesserung.

No der Kritik vun der Mënscherechtskommissioun, déi u sech hir Doleancë vu virun 2 Joer widderholl huet, sot de Justizminister François Biltgen, datt hien direkt eppes mat der Educatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres ënnerhuele wéilt, fir d'Situatioun kuerzfristeg ze verbesseren.

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun huet es genuch, fir ëmmer nees op déi schlecht Konditiounen hinzeweisen, ënnert deenen déi Mannerjäreg zu Lëtzebuerg an de Prisongen liewen.

De Freidegmueren huet een Aarbechtsgrupp en neie Rapport iwwert d'Scolaritéit vun de Mineuren zu Schraasseg an zu Giwenich presentéiert.

17 Stonne Schoul d'Woch hunn di Mannerjäreg zu Schraasseg an zu Giwenich ze gutt. Wa se net wëllen an d'Coure goen, da bleiwen se agespaart an dat nämmlecht gëllt fir déi 15 Woche Schoulvakanz, wou d'Enseignanten net do sinn.

Rapport ouni politeschen Impakt - bis elo

Kee Wonner also, datt déi consultativ Mënscherechtskommissioun alt erëm eng Kéier fuerdert, datt di zoustänneg Ministèren endlech sollen e pädagogesche Kader an déi néideg Moyenen zur Verfügung stellen, fir datt di betraffe Kanner uerdentlech educéiert ginn ... kitt datt ee bei der Kommissioun schon e bëssi d'Hoffnung opginn huet.

Et kënnt einfach keng Reaktioun vun der Politik, bekloe se sech am Aarbechtsgrupp, deen am Fong den Avis vu viru knapps zwee Joer nach eemol ënnert d'Lupp geholl huet. Resultat: D'Recommandatioune vun deemools wore fir d'Kaz, kee Suivi, kee "Projet éducatif".

D'Kanner ginn am Prisong esouguer vill méi schlecht behandelt wéi soss an onser Gesellschaft dobausse, bedauert de Gilbert Pregno, dee mat um Rapport geschafft huet.

Ee konkrete Virworf vun der Kommissioun: Kanner a Fräiheet kënne mat 16 refuséieren, fir an d'Schoul ze goen. Am Prisong gi se dowéinst an Isolatioun agespaart. Ginn also sanktionéiert.

 De Gilbert Pregno »



Dobäi kënnt: Déi puer Enseignanten – Chargéen - déi ganz engagéiert schaffen, sinn net 100% fir deen Job ausgebilt.

Biltgen an Delvaux-Stehres: kuerzfristeg Verbesserung

Den Aarbechtsgrupp vun der Mënscherechtskommissioun verlaangt elo op d'mannst eng Formatioun fir déi Leit. A wëll net erëm op méi spéit vertréischt ginn, wéi schonn esou dacks. Och net op déi nei Struktur zu Dräibuer, déi soll an engem oder zwee oder dräi Joer fäerdeg sinn.

De Justizminister François Biltgen huet RTL gesot, datt hien sech wéilt kuerzfristeg mat der Educatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres zesumme setzen, fir d'Situatioun vun der Scolaritéit vun de Mannerjäregen am Prisong ze verbesseren.

D'lescht Woch woren 8 Meedercher a Jongen zu Schraasseg oder zu Giwenich. Si sinn a getrennte Raim a kréien och separaten Unterrecht.

Wee refuséiert fir an d'Coure vun den 9 Enseignanten ze goen, muss op sengem Zëmmer bleiwen, notéiert de Gilbert Pregno vum Aarbechtsgrupp. Et géng un engem "Projet éducatif" feelen.

Déi Gréng: Reaktiounen a Reuniounen gefuerdert

Déi Gréng fuerderen, dass de Justizminister François Biltgen an d’Educatiounsministesch Maddy Delvaux-Stehres Positioun bezéien zum Sujet vun der Scolarisatioun vu Mannerjähregen am Prisong.

Déi Gréng fuerderen dofir, dass eng gemeinsam Reunioun organiséiert gëtt vun de parlamentaresche Kommissioune Justiz an Educatioun.

Do soll, nieft dem Justizmnister an der Educatiounsministesch, och déi konsultativ Mënscherechtskommissioun invitéiert ginn, fir hir Kritiken a Meenunge nach emol vvirzestellen, sou Déi Gréng.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!