MPK: Éischt Verhandlungsronn fir e Sozialplang

RTL - 19.03.2010, 12:33 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2010, 13:56

Um Freideg war déi éischt Verhandlungsronn fir e Sozialplang bei MPK. 35 Mataarbechter vun de Messageries Paul Kraus verléiere bis d'Enn vum Joer hir Plaz.

Dat ass een Drëttel vum Betrib, well den neiste Chiffren no, schaffe keng 120, mä 105 Leit bei MPK. All Departement ass vum Plazenofbau betraff.

Iwwer Suen ass um Freidegmoien nach net geschwat ginn. D'Prioritéit vun der Gewerkschaft ass déi berufflech Zukunft vun de Mataarbechter an engem anere Betrib, sot den André Sowa vum OGB-L no der éischter Verhandlung.

 AUDIO: Den André Sowa vum OGB-L »


D'Direktioun huet dowéinst scho Kontakt mat der Handelsconfederatioun opgeholl.

7 Mataarbechter kommen eventuell fir eng Preretraite a Fro.

E Méindeg ass déi nächst Verhandlung. Da wëll d'Direktioun der Personaldelegatioun och genee matdeelen, wien vum Plazenofbau betraff ass.