Police: Fahreflucht an de leschte Wochen zougeholl
RTL - 19.03.2010, 13:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2010, 14:02
D'Police deelt mat dat Fahrerflucht an de leschte Wochen zougeholl huet. Alleng an de leschte 24 Stonne wieren 4 Fäll gemellt ginn.

Déi Schëlleg wieren awer bekannt an eng Enquête wier am gaangen. An deem Kontext erënnert d'Police drun, dat all Persoun, déi an en Accident op enger ëffentlecher Strooss verwéckelt sinn, an déi net op der Plaz bleift, mat Prisongsstrofe vun 8 Deeg bis 3 Joer an / oder mat enger Geldstrof vu 500 bis 10.000 Euro ka bestrooft ginn. Dodernierft verléiert een 4 Punkten.

