Joer vun der Biodiversitéit: Campagne "...ouni Pestiziden"
RTL - 19.03.2010, 14:19 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2010, 16:22 | 5 Commentaire(n)
Pestizide sinn net gutt fir d'Natur an d'Gesondheet! Dofir hunn elo 20 Acteuren aus dem Ëmweltberäich eng Campagne géint de Gebrauch vu Pestizide gestart.

D'Campagne riicht sech géint de Gebrauch vu Pestiziden op ëffentlechen an private Flächen. D'Benotze vu Pestiziden misst een onbedéngt iwwerdenken; d'Biodiversitéit an zum Beispill d'Grondwaasser wären a Gefor.
"Ouni Pestiziden" heescht d'Campagne, déi am Kader vum Internationale Joer vun der Biodiversitéit vu villen Acteuren aus dem Ëmweltschutz organiséiert gëtt.
Pestiziden sinn iwwerall, seet den Pierre Schmitt vun der Ëmweltberodung. De Pierre Schmitt vun der Ëmweltberodung »
Et handelt sech ëm chemesch Substanzen, déi zum Beispill Parasiten, Onkraut an aner onerwënscht Planze futti maachen. Leider hu si awer och negativ Konsequenzen op aner Liewewiesen a reduzéieren sou d'Biodiversitéit. De Georges Moes vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur mat engem Beispill »
D'Campagne riicht sech un privat Haushälter a Gemengen. Si benotzen zwar just 10 Prozent vun den Pestiziden, mä déi sinn awer besonnesch schlëmm, wëll se ganz séier an den Gewässer landen. D'Gëfter, déi an der Landwirtschaft agesat ginn, verschafft d'Natur verhältnisméisseg besser.
D'Patrice Verscheure vun der Maison de l'Eau de l'Attert plaidéiert fir een Mentalitéitswiessel. D'Patrice Verscheure vun der Maison de l'Eau de l'Attert »
D'Campagne probéiert, op d'Gefore vun den Pestiziden hinzeweisen an Alternativen ze presentéieren. An den nächste Wochen an Méint sinn vill Aktivitéite geplangt.
Detailer fënnt een um Internetsite www.emwelt.lu/sanspesticides.
VIDEO: D'Campagne "Liewen ouni Pestiziden" kucken.


Äre Commentaire